CNE
Cercle Nautique Echternach

North East connection 2014

North-East-Connection (CNE-CNW)

Den éischten Weekend am Joer 2014 huet d’éischt Equipe vum CNE mat den Schwëmmer vum Wëltzer Schwammveräin (CNW) en gemeinsamen Trainingsweekend absolvéiert. An den éischten zwou Trainingseenheeten konnten d‘Schwëmmer den Trainingsplang vun hirer jeeweileger Konkurrenz schwammen an jeeweils mat- an géinteneen trainéieren.
Owes hunn d‘Schwëmmer beim gemeinsamen Klammen an der Kloterhal vun der Jugendherberg geléiert sech géigesäiteg ze Vertrauen an den aneren Vertrauen ze schenken.

Den CNE seet all den Wëltzer Schwëmmer an hirem Trainer en schéinen Merci fir den wonnerbaren Weekend.
Honza